Dacks RoutineAss et wierklech schlëmm, virun der Tëlee anzeschlofen?

Ofgesinn dovunner, datt een dee Moment d'Zänn vläicht nach net gewäsch hat, ass et jo eigentlech net dramatesch, virun der Tëlee anzeschlofen. Oder?

Leschten Update: 21.10.2019, 12:32:49

© Unsplash

Mir hunn et all scho gemaach a fir vill gehéiert et souguer zur dagdeeglecher Routine: virun der Tëlee aschlofen. An esou schlëmm ass et jo och net, well déi meescht vun eis hunn d'Tëlee jo an der Kummer stoen, also läit ee souwisou schonn am Bett. Falsch geduecht!

Lauschtert eran!

Egal ob Tëlee, Tablett, Laptop oder och Smartphone – all elektroneschen Apparat gëtt blo Luucht of a Fuerscher no ass dës net dofir bekannt, datt se e gudde Schlof positiv beaflosst. Problem hei ass den direkten Afloss vun dëser bloer Luucht op d'Schlofhormon Melatonin. Bei kënschtlecher Luucht gëtt d'Hormon nämlech gebremst. Konsequenz: Mir hu richteg Krämpes anzeschlofen a wänzelen eis vu lénks no riets.

Melatonin ass souzesoen eisen "Midd-Maacher": D'Produktioun vum Hormon areecht owes den Héichpunkt. Mir gi midd an esou gëtt eisem Kierper signaliséiert, datt mer schlofe sollen. Deemno ass et net immens produktiv, nach owes um Handy Instagram duerchzescrollen, 5 Folgen um Stéck vun der neier Liiblingsserie ze bingen oder de Film, dee gutt 3 Stonnen dauert, nach um 10 Auer unzefänken. Éischter schlecht Optiounen also.

Wichteg ze soen ass, datt sech dëst éischter op d'Aschlofen an net op d'Qualitéit vun eisem Schlof auswierkt. An natierlech muss een och differenzéieren: Leit, déi owes nach um Handy oder virun der Tëlee hänken an direkt aschlofen, ginn et och. Ma wann ee scho vu Viraus Problemer beim Aschlofen huet, soll een owes vläicht éischter zum Buch gräifen, wéi - éier datt de Sandmännche kënnt - nach d'Aen op e Bildschierm fixéiert ze hunn.