Martin Garrix, David Guetta & Co.Déi 100 bescht DJs op der Welt

Zanter 1997 verëffentlecht den "DJ Mag" eng Lëscht mat deenen 100 beschten DJ's. Déi lescht 3 Joer war de Martin Garrix op der 1. Plaz. An des Kéier?

Leschten Update: 21.10.2019, 16:20:16

© YouTube Screenshot

Et war wéi ëmmer eng richteg Zeremonie an der Johan Cruyff Arena. Wéi an de Jore virdrun, war den Amsterdam Music Festival nees dat perfekt Event, fir de beschten DJ vun der Welt ze presentéieren. 1,2 Millioune Mënschen haten am Virfeld gewielt: Op der 1 steet, fir déi meescht onerwaart, net de Martin Garrix. Mee dozou komme mir nach.

D’“Dj Mag Top 100“ sinn e faarwege Mix aus verschiddene Genren a Stiler. Déi eng Dj’s si knapps volljäreg, anerer sinn zanter Joren net aus der EDM-Zeen ewechzedenken.

Wéi zum Beispill den Hardwell. Deen huet awer 9 Plaze verluer, ass aus den Top 3 bis op d’Plaz 12 gerutscht. Dat huet virun allem domat ze dinn, dass den Hardwell mëttlerweil keng Optrëtter méi huet, mee nëmmen nach produzéiert.

Dogéint mol nees ënnert de beschten 3: Den David Guetta. Déi franséisch DJ-Legend beweist och mat 51 Joer nach, dass hie weess wat d’Leit lauschtere wëllen.

Weider bekannten Nimm: Den Tiësto steet op der 8, den DJ Snake op der 16. D’Chainsmokers hunn et just op d’26 gepackt. Dogéint profitéiert d’Swedish House Mafia vun hirem Comeback, si sinn ëm 21 Plazen op d’42 geklomm.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Op der 2, an net wéi déi 3 Kéiere virdrun um Troun, steet de Martin Garrix. Den Hollänner, dee sech zanter sengem Mega-Hit „Animals“ musikalesch permanent weiderentwéckelt huet, ass wuel deen innovatiivste Producer ënnert de méi bekannten DJ’s.

Dowéinst waren och vill Leit iwwerrascht, dass Plaz 1 an domat den Titel „Best DJ in the World“ net un hien, mee un Dimitri Vegas & Like Mike gaangen ass. Si hunn domat no 2015 fir déi zweete Kéier déi meeschte Stëmme krut.

Wat bei dësem Ranking awer ëmmer nees kritiséiert gëtt: Doduerch, dass d’Fans eleng entscheeden, spillt den Hype dacks eng méi grouss Roll, wéi Talent.

Hei fannt dir déi ganz Top 100!