Net oflenke loossenVun elo un ëmmer konzentréiert!

Probéiert dir dacks iech ze konzentréieren, mee de Fokus bleift einfach net do, wou e soll?

19.11.2019, 04:00:16

© Pexels

De Plang war bannent enger Stonn e Meeting ze preparéieren, mee Facebook war méi interessant. De Kuch fir d'Schoul huet missten an 30 Minutten am Schäffche stoen, fir dass et zäitlech opgeet, mee d’Maile vun der Aarbecht hunn ofgelenkt?

Dir sidd net eleng. Ganz ville Mënschen ergeet et genee d'selwecht. Mee wisou si mir eigentlech esou séier onkonzentréiert? Spillen déi nei Technologien do eng wichteg Roll?

D’Äntwert ass: Jein!

Den Israeli Nir Eyal hat dee selwechte Problem an huet säi Smartphone a Laptop géint een Handy a Computer aus den 90er Joren, also ganz ouni Internet, agetosch. Ofgelenkt gouf en trotzdeem nach a wann et nëmme war, dass hien op eemol den Drang hat d'Dreckskëscht eidel ze maachen.

Déi extern Grënn ewéi Internet a sozial Netzwierker sinn also net eleng Schold, datt mir séier onkonzentréiert sinn. Mee den "Ding" an "Pling" vum Smartphone lenken ouni Fro of. Stellt dës Push-Noriichten einfach aus - et hëlleft.

Intern Ausléiser, also onbewosst Emotiounen, sinn och dacks schold. Fille mir eis eleng, gëtt duerch déi sozial Netzwierker gescrollt. Ass eis langweileg, kucke mir eis Mailen oder Noriichten.

De Fokus bleift einfach net do, wou e soll?



Good News: Wann ee sech dat bis bewosst gemaach huet, kann een et änneren.

  1. Plangt är ganz Woch, net nëmmen een Dag. A ganz wichteg: Setzt genee Zäite fir är Aufgaben.
  2. Och sozial Netzwierker oder Mailen a Noriichten däerfen natierlech benotzt ginn, mee och dat zu festgesaten Zäite mat engem geneeë Schlusspunkt.
  3. Hutt dir en Drang, deen dir net gebändegt kritt? Sicht en am Internet no. Weess een, wat de Kierper duerchlieft a wisou, kann een och dogéint virgoen. Et ass ewéi beim Surfen: Weess een net, wat kënnt, geet een ënner - weess een, wéi een d'Well huele muss, surft ee schéin driwwer.
  4. Kritesch si Momenter tëscht zwou Aufgaben. Tëscht engem Meeting an erëm beim Pult setzen, huet ee séier d'Noriichte gelies? Am Prinzip kee Problem, falls een den Handy dann och erëm fort leet, wann ee beim Pult ass. Soss ass dëst och nees séier eng Oflenkung.
  5. Sidd iech bewosst, dass dir eppes dogéint maache kënnt. Et ass nogewisen, dass wann ee sech haart seet, dass een eppes ännere kann, een et och tatsächlech ännert!

Leet den Handy op d’Säit a maacht alles, wat Kaméidi mécht aus. Sot och äre Frënn a Mataarbechter Bescheed, falls si iech ze vill oflenken. A loosst är Emotiounen zou, huelt se wouer a schafft domat. Eegent iech d’Muecht vun der Konzentratioun un!