SécherheetFirwat een am Auto keng Wanterjackett sollt unhunn

Dëse Feeler maachen der vill beim Autofueren am Wanter: Mir loossen eis déck Wanterjackett un. Dat ka geféierlech ginn!

Leschten Update: 04.12.2019, 11:53:15

© pexels.com / Bibhash Banerjee

Ouni déck Jackett oder décke Mantel d’Haus verloossen – dat ass am Wanter net esou ubruecht. Vill loossen d’Wanterjackett och am Auto un, well et e bëssen dauert, bis d’Heizung op Héichtoure kënnt. Ma dat kann awer am Fall vun engem Accident fatal Suitten hunn.

Déi meescht Wanterjackette sinn esou déck gefiddert, dass se de Kierper zwar gutt waarm halen, am Auto suergen se allerdéngs dofir, dass de Gurt net enk genuch um Kierper uläit. A wann de Gurt net optimal um Kierper ubruecht ass, da funktionéiert dëse bei engem Accident net richteg. Dofir sollt een am Auto seng déck Wanterjackett ausdoen. Dat gëllt souwuel fir deen, dee fiert, wéi och fir d’Kanner déi z.B. am Kannersëtz sëtzen. Wann et engem kal ass, kann een eng Decke mat an den Auto huelen an déi schonn am Haus virwiermen.

En Test vum däitschen ADAC huet erginn, dass well bei engem Accident mat enger Vitess vu 16 Stonnekilometer de falsch ugeluechte Gurt bei engem Kand mat décker Wanterjackett staark de Bauchraum aquëtsche kann. Och bei Noutbrems-Manöver kann et zu klenge Blessuren am Beräich vum Bauch kommen.

Mee net nëmmen déck Wanterjackette kënnen ee Sécherheetsrisiko sinn. De Rescht vun de Wanterkleeder ass och net esou optimal, fir Auto ze fueren. Mutzen a Schale kënnen am schlëmmste Fall d’Siicht beanträchtegen a gefiddert Händsche bidden net ëmmer ee feste Grëff um Lenkrad. Deck Wanterstiwwele sinn och net ideal, well ee keen esou ee gutt Gefill um Gas an op der Brems huet. Verbueden ass et net, allerdéngs muss de Chauffer vum Auto ëmmer an der Lag sinn, adequat ze reagéieren.

Bei engem Accident kéint et dernieft am schlëmmste Fall Problemer mat der Versécherung ginn.