Love GenerationDéi glécklechst Koppele benotzen den "Mir"

De permanente Pluriel vu Verléiftener kann engem anstänneg op der Su goen. Ma et soll awer och en Zeeche vun Zefriddenheet sinn.

Leschten Update: 18.11.2019, 15:54:47

© Pexels

Wann ee Single ass, dann ass et och kloer dass ee säi Partner net iwwerall ka matschleefen, well ee jo keen huet. Da ginn et allerdéngs och déi Koppelen déi alles zesumme maachen a quasi näischt méi ouni deen aaneren ënnerhuelen. Dat ka scho mol fir déi Leit ronderëm zimmlech nerveg ginn: "Nee mir hu keen Honger méi", "eis ass kal" an esou weider.

An enger Etüd vun der Universitéit vu Kalifornien, déi am "Journal of Social and Personal Relationship" verëffentlecht ginn ass, hu Fuerscher elo eraus fonnt, dass dee "Mir" an der Bezéiung guer net esou schlecht ass.

Et brauch Zäit fir aus dem "Ech" en "Mir" ze maachen a genau dat ass de Punkt. Gëtt déi Zäit iwwerwonnen, dann huet sech an der Partnerschaft nämlech eng gewësse Sécherheet an och Vertraue breet gemaach. Kuerz gesot, Koppelen déi de Pluriel benotzen, si méi glécklech an hirer Bezéiung, esou d'Wëssenschaftler.

Fir d'Ënnersichung sinn aus 30, mat 5000 Kandidaten duerchgefouert Etüden, nach eng Kéier nei zesummegefaasst an nei ausgewäert ginn. Dobäi waren d'Bezéiungsverhalen an déi psychesch a kierperlech Gesondheet ënnersicht ginn.

D'Resultat ass hei zimmlech interessant. D'Wuert "Mir" mécht net nëmmen ee selwer frou, mee och de Partner, wann dësen héiert dass een dovu gebrauch mécht. D'Gefill, zesummen un engem Strang ze zéie mécht sech breet an dat ass jo dat wat een an enger Bezéiung brauch, fir sech kënnen eng Zukunft zu 2 opzebauen.

Lauschtert eran