Chrëschtdag 2019Nei Filmer op Netflix a Co.

Sief et am Kino oder op Netflix - lues a lues komme schonn elo am November nei Chrëschtdagsfilmer op de Marché.

Leschten Update: 19.11.2019, 20:33:21

© Pexels

Wie sech wëll op Chrëschtdag astëmmen, dee kann ënnert anerem dekoréieren, op de Chrëschtmaart goen oder och scho Kaddoe kafen. Ma zu der Chrëschtzäit gehéieren och déi typesch Filmer, déi Joer fir Joer erëmkommen. Déi si jo och ganz schéin, ma iergendwann kennt ee se alleguer auswenneg. Dofir kommen och 2019 ganz nei Filmer op de Marché.

Frozen 2 kënnt zum Beispill schonn den 20. November an de Kino. Zwar géing d'Fortsetzung de Kritiker no net ganz un den Original erukommen, ma Frozen 2 begeeschtert op ganzer Längt.

Hei fannt dir sämtlech Detailer zu Frozen 2!

Et ass ee Lidd, bei deem een de Radio ausmécht oder méi haart dréint: Last Christmas vu Wham.
Gutt Nouvelle fir Fans: D'Geschicht vum Song gouf verfilmt a kënnt de 27. November an de Kino. An de Haaptrolle sinn et d'Emma Thompson an d'Emilia Clarke.






Wien et sech fir d’Feierdeeg awer éischter doheem op der Couche wëll gemittlech maachen, fir dee bitt och Netflix aktuell e puer nei Filmer.

Interessant sinn zum Beispill Holiday Rush, Merry Happy Whatever an Let It Snow.




Als leschten Tipp hu mir nach eng Geschicht iwwer de Nick Kringle, de Bouf vum Kleeschen. Hien soll den neie Santa Claus ginn. Allerdéngs ass dëst eng Aufgab, déi him net wierklech zouseet: Noelle mam Anna Kendrick.




Mat dëse Filmer steet enger gemittlech Chrëschtzäit also Näischt méi am Wee.