Nogefrot!Sex no wéi villen Dates?

Wei vill Dates fannt dir misst een op d'mannst fir d'éischt gehat hunn, éier et méi intim gëtt?

Leschten Update: 14.02.2020, 04:18:23

© Unsplash

Wann ee ganz frësch an eng Bezéiung geet an déi Persoun, déi ee reegelméisseg gesäit besser kenneléiert, mierkt een, datt d’Gefiller opkommen. Dann kënnt d’Fro vu wéini un ee méi intim gëtt. Soss gouf dacks d'3-Date-Reegel ernimmt, rezent soll et awer esou sinn, datt Männer éischter bis dat 5. Date waarden, bei de Fraen ass et dee 9. Rendezvous.





Natierlech hänken déi Zuele souwisou dovun of ob een déi Persoun, mat där een zesummen ass, scho méi laang kennt oder eréischt beim 1. Date fir d’éischte Kéier richteg gesinn huet.

Zuele soen awer näischt Spezifesches aus wei seriö een et mam Partner mengt, well dat vu Koppel zu Koppel ënnerschiddlech ass. Ma mir hunn iech gefrot, wéi dir dat gesitt.