Stranger ThingsÉischten Teaser zu 4. Staffel!

"From Russia with love..." - dat steet an der Beschreiwung vum 1. Teaser zu der neier Staffel vun der Netflix-Serie!

Leschten Update: 14.02.2020, 16:27:35

© Screenshot YouTube

Ganz vill Leit ware sech sécher, anerer hunn schonn iergendwéi domat gerechent an nach anerer wäerten elo wuel awer iwwerrascht sinn: Am 1. Teaser zu der 4. Staffel vu Stranger Things taucht ee vun de Liblingscharakteren op, vun deem een net zu 100% wosst, ob en nach lieft oder net - och wann et zu Enn vun der 3. Staffel ugedeit gouf, datt dës Persoun a Russland gelant ass.

De Sheriff Hopper lieft an ass wuel a russescher Gefaangenschaft. Méiglech wier, datt d'Prisonéier reegelméisseg un nei Demogorgone verfiddert ginn. Leider ass net vill am éischten Teaser ze gesinn, ma sécher ass, datt d'Virfreed beim Ubléck vum Hopper klëmmt!

Och d'Maacher vun der Serie hu säi Comeback confirméiert. Donieft hu si ugekënnegt, datt déi 4. Staffel déi gréissten a grujelegste wäert ginn - also: be prepared!