Russland: 30 Squats fir en Zuchticket

Fir d'Olympesch Spiller ze promoten, huet de Metro zu Moscow eng Aktioun gestart, bei der een sech duerch Sport e gratis Ticket verdénge kann.

Leschten Update: 14.11.2013, 09:49:01

© screenshot/youtube.com

"Mir wollten de Leit kloer maachen, dass d'Olympesch Spiller net nëmmen international Competitiounen um Fernseh sinn, mä dass een d'Leit kann mat abannen", sou de President vum russeschen "Olympic Committee".

Virun enger Maschinn mussen d'Passagéier 30 Squats a manner wéi  2 Minutte maachen a kréien dann e gratis Zuchticket. D'Maschinn steet an der Vystavochaya-Statioun an soll nach bis den 3. Dezember do stoe bleiwen.