Party: Vu Manchester op Paräis!

Nodeems de 19-Järegen owes zu Manchester gefeiert huet, ass en den nächsten Dag op enger Paräiser Toilett wakreg ginn...

Leschten Update: 20.11.2013, 16:06:21

© twitter

Et ginn Nuechten, do drénkt een einfach ze vill a weess den nächsten Dag net méi richteg wéi een heem komm ass... Dem Luke Harding ass dat och geschitt, just e bësse méi extrem. Dee 19-Järegen huet um 4 Auer moies den Taxi geholl fir heem, säi Pass an der Täsch fonnt a kuerzerhand decidéiert e klengen Tripp op Paräis ze maachen.
Den nächsten Dag ass hien dunn an enger Toilett um Charles De Gaulle Fluchhafen erwächt.

Déi ganz Aventure huet de Luke dann och op Twitter "gepost" a gouf domatt ganz séier en klengen Internet-Star.

© twitter


Link: Original-Artikel op dailystar.co.uk