Kansas: Boeing lant um falsche Fluchhafen

Am US-Bundesstaat Texas ass een Transportfliger vu Boeing um falsche Fluchhafe gelant.

Leschten Update: 26.11.2013, 10:56:15

U sech war de Fluchhafe vu Wichita d’Zil vum Vol, gelant ass d’Maschinn awer op enger vill ze klenger Pist e puer Kilometer vun der eigentlecher Destinatioun ewech.

Vun der Gesellschaft Atlas Air, déi de Fliger am Optrag vu Boeing bedreift, war net gewuer ze ginn wéi et zu der Pann konnt kommen.

Eréischt no 13 Stonnen a villen Diskussioune gouf et gréng Luucht fir den Depart.