Sotheby's: Deierst Buch vun der Welt versteet

Zu New York gouf dat deierst Buch vun der Welt versteet. Nach ni hat een esouvill fir e Buch gebueden...

Leschten Update: 27.11.2013, 07:40:35

© afp

Zu New York ass dat deiersten Buch vun der Welt versteet ginn.  Bei enger Auktioun vun Sotheby's goufen net manner wéi ëmgerechent 10,3 Milliounen € fir d‘ Buch bezuelt.

Beim Wierk handelt et sech ëm dat éischte Buch dat jeemools um Gebitt vun den heitegen USA gedréckt gouf. 

''The Bay Psalm Book'' datéiert dem Auktiounshaus no aus dem Joer 1640, an gouf eben elo vun engem anonymen Bidder ersteet.