
© afp
Schéinheet huet jo bekanntlech eppes mat der Symmetrie vum Gesicht ze dinn. Wann eng Halschent vum Gesiicht der anerer immens gläicht, fanne mir eng Persoun "schéin".
No engem engleschen Experiment gouf eraus fonnt, dass den Alkohol eis d'Symmetrien net méi richteg erkenne léisst. Dat selwecht gëllt awer och fir d'Asymmetrie. Dat féiert dozou, dass vill Gesichter no engem Alkoholafloss selwecht "schéin" ausgesinn.
Iwwregens gouf bei dem Experiment och eraus fonnt, dass Männer méi dacks vun dësem Phänomen betraff si wéi Fraen.