Johannesburg: Fliger hëlt falsch Start-Bunn.

E Fliger huet zu Johannesburg déi falsch Start-Bunn geholl, an ass an d'Fluchhafe Gebai gerannt.

Leschten Update: 23.12.2013, 22:38:07

© AFP

D'Boeing 747 wollt deemno um Sonndeg den Owend ob London fléien, huet awer eng aner Start-Bunn erwëscht wéi déi, déi vum Tower annoncéiert gi wor. De Fliger ass doropshin mam rietsen Flillek an d'Haus gerannt.
Am ganzen waren 202 Passagéier u Bord. Dorënner 17 Mann Equipage. Blesséiert gouf keen. Ausser villäicht de Stolz vum Pilot.
D'Reesender goufen nom Virfall um spéiden Sonndeg Owend an en Hotel bruecht. Um Méinden de Mueren war hire Vol nach ëmmer net prêtt fir ob London ze fléien.

 

© AFP