Australien: 300 Haie sinn elo op Twitter!

Am Weste vun Australien "tweeten" Haien, wou si genee dru sinn! Esou wëssen d'Surfer Bescheed wann en Hai no un der Küst ass.

Leschten Update: 02.01.2014, 12:27:24

© afp

Fuerscher hunn nämlech Transmitter un en Haie festgemaach, déi genee uweise kënne wou d'Déieren sech genee ophalen. Schwëmmt en Hai ze no un d'Küst, gëtt automatesch en Message "getweet", deen ugëtt wéi grouss den Hai ass a wou en drun ass.

An de leschten 2 Joer goufe leider 6 Leit an Australien vun Haie gebass an ugegraff...
D'Fuerscher betounen awer, dass net all Hai gekennzeechent ass. Wann also näischt op Twitter steet, heescht dat net automatesch dass guer keng Gefor besteet.

Et géi een awer dorun schaffen...