Marokko: Kallef mat 2 Käpp op d'Welt komm

Kuerz virum Joreswiessel ass a Marokko ee Kallef mat zwee Käpp op d’Welt komm. Dem Déier géif et gutt goen, sou d’Agence AFP.

Leschten Update: 04.01.2014, 08:07:18

© AFP

Zanter senger Gebuert ass d’Déier eng Attraktioun an der Regioun. Engem Veterinaire no wier et awer kaum méiglech fir d’Zukunft vum Kallef virauszesoen.

Doktere ginn dovun aus dass Zwillingen am Bauch vun der Mamm zesummegewuess waren. Een ähnleche Fall gouf et am September am US-Bundesstaat Oregon.