England: Fra kritt no 23 Joer Äntwert op Fläschepost

Am September 1990 hat een deemools 10 Joer jonkt Meedchen eng Fläschepost vun enger Fähr an d'Mier geheit. Elo krut d'Fra eng Äntwert.

Leschten Update: 04.01.2014, 12:16:37

© AFP

Am Bréif hat d'Zoe Averianov deemools geschriwwen dass et sech iwwer eng Äntwert vun där Persoun, déi d'Fläsch fënnt, freeë géif.

Ee Mann aus Holland huet d'Fläschepost elo bei engem Spadséiergank um Strand entdeckt an der Fra elo pénktlech fir Chrëschtdag geäntwert.