Australien: Mann bleift plakeg a Wäschmaschinn hänken

An Australie wollt ee Mann seng Frëndin iwwerraschen. Hien ass doropshi plakeg an eng Wäschmaschinn geklommen - an hänke bliwwen.

Leschten Update: 06.01.2014, 11:26:46

Nëmme mat Hëllef vun Olivenueleg konnt de Mann befreit ginn. © AFP

Wéi eng Iwwerraschung de Mann genee geplangt hat, ass net gewosst. Op alle Fall koum hien net méi aus eegener Kraaft aus der Maschinn eraus. D’Pompjeeën hunn deen Onglécklech misse mat Olivenueleg areiwen ier se e konnten erauszéien.

Geschitt ass dem Mann näischt, en hätt sech awer zimlech geschummt, sou d’Police.