USA: Barbie XXL!

Eng amerikanesch Model-Initiativ wëll elo mat dëser Popp géint déi vill ze dënn Models virgoen.

Leschten Update: 06.01.2014, 14:22:47

© spiegel.de

Scho méi dacks gouf géint déi vermeintlecht Dramfigur vun der Barbie protestéiert an "normal" Moosse gefuerdert.

Elo gouf dann op Facebook iwwer eng "Plus-Size-Barbie" ofgestëmmt. D'Leit sollten d'Bild vun der Popp mat Duebel-Kënn liken wann se vir eng Produktioun waren, a kommentéiere wann se dogéint waren.

D'Resultat: 40.000 Likes!

Ob déi Barbie dann awer elo wierklech op de Marché kënnt, ass nach net gewosst...