Bremen: UFO-Alarm iwwert dem Fluchhafen

Een UFO iwwert dem Fluchhafen zu Bremen huet fir gréisser Problemer gesuergt.

Leschten Update: 07.01.2014, 13:41:08

© AFP

Den onbekannten Objet war e puer mol um Radar opgedaucht an eréischt no 3 Stonne verschwonnen.

Ee Policehelikopter, deen nom UFO gesicht huet, konnt näischt Verdächteges entdecken. Ee Vol huet wéinst dësem Tëschefall missen ofgesot ginn, zwee Vollen goufen op aner Fluchhäfen ëmgeleet.

D’Police ermëttelt wéinst engem geféierlechen Agrëff an de Fluchtrafik.