New York: Éischte Cupcake-Automat

Cupcakes ronderëm d'Auer! Zu New York gëtt et elo en Automat, wou ee Cupcakes an 12 verschiddene Goûte kritt!

Leschten Update: 28.03.2014, 11:22:51

© Reuters

CUPCAKEATM heescht den Automat, a gëtt am Géigesaz zu aneren ATM's keng Suen eraus mä ebe Cupcakes!

Den Automat gehéiert zu der Cupcak-Ketten "Sprinkles" zu Beverly Hills. 800 vun dëse Mini-Täertecher hunn an esou engem Automat Platz a kaschte 4,25 Dollar (ongeféier 3 Euro) d'Stéck.
Souguer un d'Muppen huet "Sprinkles" geduecht! Fir knapp 5 Dollar gëtt et zwee speziell Cupcakes fir d'Hënn, ouni Zocker!
© Reuters