Kanaldeckel: Meedche bleift hänken!

E jonkt Meedchen ass am Kanaldeckel hänke bliwwe wéi et säin Handy wollt mat de Féiss erausfëschen...

Leschten Update: 03.04.2014, 15:56:18

© SWNS

D'Ella-Anne Birchenough, 16 Joer, vun Dover, ass am Kanaldeckel hänke bliwwen, wéi hat säin Handy mat de Féiss eraus fësche wollt!

Fir d'Meedchen nees eraus ze kréien hunn d'Pompjeeë misste kommen. No enger hallwer Stonn war den Asaz dann awer schonn eriwwer.

Den Handy ass iwwregens net méi ze gebrauchen...

© SWNS

© SWNS