$15,000-Operatioun fir Selfien

Fir schéi Fotoe vun sech selwer maachen ze kënnen huet dës Fra aus L.A. sech ënnert d'Messer geluecht an iwwer 10000 Euro bezuelt!

Leschten Update: 23.04.2014, 10:32:05

D'Triana Lavey seet vu sech selwer: "Ech gesinn aus aus wéi ech, just photoshopped!"

D'Triana war sou onzefridde mat sengem Ausgesinn op Facebook an Instagram, dass hat sech direkt e puer mol operéiere gelooss huet! Mam But, méi fotogen a wéi e Supermodell auszegesinn. Implantater am Kënn, d'Nues an d'Backe maache gelooss.

Viru Facebook a Co. war et dem Triana net sou wichteg "gutt" auszegesinn, mä mat der Zäit koumen d'Selfien ëmmer méi op an hat huet sech einfach guer net op senge Fotoe gefall...

© ABC News