Bettel oder Trinckgeld? Kandidat Patrick am Eldo-Interview!

WWM-Kandidat Patrick: "Och doheem op der Couche hätt ech d'Äntwert net gewosst. D'Sue ware leider scho verplangt." >>>

Leschten Update: 06.05.2014, 15:18:11

© Screenshot WWM @ rtlnow.de

Gëschter Owend hu Millioune Leit op der däitscher Télé geléiert wéi de neie Lëtzebuerger Premierminister heescht. Et war d'32.000 Euro-Fro an der Quiz-Sendung "Wer wird Millionär?" mam Günther Jauch bei RTL. De Kölner Patrick Klein haat d'Chance op 32.000 Euro, hätt en da gewosst wéi eise Premier heescht!! Och säin Telefon-Joker huet näischt gehollef, d'Äntwert "Trinckgeld" war leider falsch. De Patrick ass op 500 Euro erofgefall.

De Ben hat de sympathesche Patrick am Nomëttech am Eldo-Interview:


De Premier Xavier Bettel huet direkt no der WWM Sendung folgendes op Facebook gepost:




De Premier huet dem Patrick Klein och e perséinleche Messaga via Facebook geschriwwen:


De Patrick weist sech an engem Message un Eldoradio begeeschtert iwwert d'Reaktioun vun de Lëtzebuerger:



LINK: kuckt nach eng Kéier déi ganz WWM-Sendung
LINK: Spende-Konto vun engem "Fan" fir de Patrick Klein