Geldautomat: Fanger gebrach!

Geld vum Kont ophiewen, ka richteg wéi doen! An dat net nëmme wann een de Sold vum Kont gesäit...

Leschten Update: 08.05.2014, 11:56:55

© afp

E Besëtzer vun engem Glace-Buttek zu Düsseldorf gouf souzesoe vun engem Geldautomat "gebass". Den Automat huet dem Här einfach emol de Fanger gebrach, wéi en d'Geld aus dem Schacht huele wollt. Anscheinend goufen et schonn ähnlech Fäll bei anere Banken.

De Mann hat dorops op Schuedenersaz geklot, krut awer leider näischt...