Beim Erausfueren ass déi eeler Madame an eng Sail gerannt an huet dunn 11 Auto getéitscht. Duerno gouf et e risege Chaos am Parking, well déi futti Autoe mat engem spezielle Won ofgeschleeft misste ginn. En normalen Ofschleef-Won hätt wéinst senger Héicht net an de Parking gepasst!
Duerch dës Park-Aktioun ass e Schued vun direkt e puer 10.000 Euro entstan!