
© wikimedia
Décke Chaos gëtt et den Ament op enger Universitéit zu Madrid.
Am Keller vun der Uni lageren nämlech zanter eng Zäit schonn iwwer 200 Läichen, déi net gekillt ginn. D'Hygiène giff staark ze wënschen iwwreg loossen heescht et an engem Artikel vun der spuenescher Zeitung 'El Mundo'…
D'Kierper sinn eigentlech geduecht fir déi medizinesch Fakultéit. Aus finanzielle Problemer ( Kierzungen am Budget ) wier et der Uni awer net méiglech gewiescht sech adequat ëm d'Läichen ze këmmeren
Eng Firma déi Begriefnisser organiséiert, soll sech elo ëm de Läichekeller këmmeren, ier Krankheeten sech kéinte verbreeden.