Schwéier Russin fält op Krokodil

Heiansdo mellt d'Norichten-Agence AFP Saachen déi geschitt sinn, déi muss een zwee mol liesen. Esou och elo iwwert en ongewéinlechen Accident a Russland.

Leschten Update: 22.05.2014, 05:07:01

© afp

''Schock vun uewen fir en Zirkus-Krikododil'', sou mellt et d'Noriichtenagence AFP um Donneschdegmueren.

Zu Moskau ass eng zimlech schwéier Fra ( ëmmerhin 120 Kilo) déi als Comptabel an engem Zirkus schafft, bei engem Transport an engem Mini-Bus an enger Kéier vum Sëtz gerutscht . Dobäi ass d'Fra onglécklech op en zwee Meter laangt Krokodil gefall dat als Déier am Zirkus optrëtt.

D'Béischt hätt sech an der Suite e puer mol iwwerginn.

Et sollt sech awer erausstellen dass de Kroko keng ënnerlech Blessuren hat. Och der Fra geet et gutt.

Liëst hei d'AFP-Meldung :

Moskau :

''Schock von oben für ein Zirkuskrokodil: Während eines Autotransports fiel die 120 Kilogramm schwere Buchhalterin des "Sowjetischen Zirkus" auf das Reptil und verletzte es schwer. Das zwei Meter lange Krokodilweibchen Fiodija reiste in der Region Murmansk an Bord eines Kleinbusses, als die daneben sitzende Buchhalterin in einer Kurve aus dem Gleichgewicht geriet und herabfiel, wie Zirkusdirektor Wassili Kolos berichtete. Das Krokodil habe sich drei Stunden lang immer wieder erbrochen, weshalb seine Wärter um sein Leben bangten. Dann habe sich aber herausgestellt, dass Fiodija keine inneren Verletzungen davongetragen habe, meldete die russische Nachrichtenagentur RIA-Nowosti. "Alles ist gut", wurde Kolos zitiert. Die Buchhalterin erlitt bei dem Unfall nur leichte Blessuren.''