Radio: 4 Stonne-Sendung iwwer eng Toilett!

En norwegesche Radio-Sender huet ganzer 3 an eng hallef Stonn iwwer eng Toilett geschwat, inklusiv engem Gewënnspill!

Leschten Update: 26.05.2014, 09:41:43

© afp

D'Toiletten-Aktioun war als Äntwert op deen deels langweilegen a luesen Tëleesprogramm a Norwege geduecht.

Wann an anere Länner um véirel op 8 owes nei Blockbuster lafen oder Castingshows gewise ginn, kann een a Norwege stonnelaang engem Zuch nokucken deen duerch d'Landschaft fiert, oder engem Kamäin-Feier nokucken dat iwwer 12 Stonne laang brennt!

D'Nolauschterer sollte schätze wéi laang d'Toilett op dëser Wiss stoe géing, an de Gewënner krut natierlech eng fonkelnei Toilett!