Sport ass schéin: Amicale wäscht Trikot'ë vu Géigner

D'Basket Spiller vum T71 Diddeleng haten hir sténkeg Trikot'ën am Vestiaire zu Steesel leie gelooss. Steesel huet se... gewäsch.

Leschten Update: 28.05.2014, 19:33:46

No der  zweeter Finale am Basket tëscht Steesel an Diddeléng (de leschte Sonndeg zu Steesel) hunn déi Diddelenger hier sténkeg Trikot'ën am Steeseler Vestiaire leie gelooss.

Dat huet d'Amicale Steesel eis an engem e-mail mat gedeelt. D'Trikote'ë vun hire Konkurrenten hätte "kee gudde Geroch" gehat. Ma Steesel wor léif an huet d'Trikot'ë vun de Konkurrente gewäsch.