Neie Social Media Trend: The Topless Tour

"Normal" Reesfotoe posten ass OUT! Hei kënnt de neien Trend wat d'Posten a Saache Reesen ugeet:

Leschten Update: 02.06.2014, 14:13:01

Op Instagram, Facebook a Co. tauchen de Moment ëmmer méi "Oben-Ohne" Fotoen op!

Grond ass e neie Social Media Trend: The Topless Tour! Leit ginn opgefuerdert Fotoen vun sech op d'Säit ze posten, op deenen si "Oben-Ohne" mam Réck zu der Kamera poséieren. Am beschten da wann si op enger schéiner Platz an der Vakanz sinn...

“Join us and feel the freedom, share your beauty to the world” , sou d'Aussoe vun The Topless Tour.

D'Säit huet mëttlerweil 12.462 Likes op Facebook an 19.683 Followers op Instagram! ((02.06.14, 14h00)

LINK: D'Facebook-Page vun The Topless Tour
LINK: D'Instagram-Page vun The Topless Tour