USA: 3000 km mat Läich am Auto!

E Mann fiert seng Frëndin an d'Klinik sichen, déi op dem Wee fir zréck stierft. De Mann fiert déi 3000 km trotzdem weider heem... Liest hei:

Leschten Update: 06.06.2014, 16:06:14

© Screenshot von www.myfoxtwincities.com

En skurril an traureg Geschicht huet sech an Amerika ofgespillt:

En 62-Järege fiert zesumme mat senger Mamm (92) seng Frëndin an d'Nerveklinik sichen.
Um Wee fir heem stierft d'Frëndin onerwaart am Auto, wat de Mann awer net direkt mierkt.

De Noriichtesender "Fox" mellt, dass de Mann doropshin op sengem Handy recherchéiert hätt, wat elo ze maache wier: 48 Stonnen hätt de Mann Zäit fir d'Läich bei e Geriichtsmedeziner ze bréngen!

Hien entscheed sech weider ze fueren, setzt der Läich e Sonnebrëll op an e Petzi op de Schouss, a gëtt schlussendlech no 26 (!!) Stonne vun der Police gestoppt. Déi fannen d'Mamm am Rollstull an der Mall vum Van!...