
© afp
Den Daniel Sturridge hat no Virlag vum Rooney grad fir d'Englänner de wichtegen 1-1 marquéiert.
D' Freed op der englescher Bänk war grouss.., fir muncher ze grouss...
De Physiotherapeut vun der englescher Equipe Gary Lewin huet sech därmoosse gefreet dass hien beim Ronderem-Sprangen ëmgeknéckst ass.
D'Foussgelenk war ausgerenkt.
D'WM ass domadder fir de Lewin elo schonns gelaf.