Sotheby's: Timber fir 9,5 Mio $ versteet

En ass dënn,kleng, knätschrout, awer engem Sammler esou vill wäert wéi eng Luxus-Yacht- en Timber deen et just eemol gëtt...

Leschten Update: 18.06.2014, 06:54:55

© afp

Beim Auktiounshaus  Sotheby's zu London ass um Dënschdeg en Timber fir ganzer 9,5 Milliounen US-Dollar versteet ginn.

Et war e rouden Een-Cent-Timber vun Britesch Guyana aus dem Joer 1856, an dee gëtt et grad emol eng eenzeg Kéier.

Ween den Timber gesteet huet ass net gewosst. Et war en anonymen Bidder via Telefon.

Bis ewell loung de Rekord-Präis fir en Timber bei 2,2 Milliounen $.

© afp