Video: Plakesch verluer gaangen nom TomorrowWorld?

Am Bësch gesäit de Casey Sanders a plakesche Mann an engem Dëmpel stoen. Seng Geschicht wéi et dozou koum, ass...

Leschten Update: 10.10.2014, 16:15:56

© screenshot/youtube.com

De Casey Sanders war op der Juegt, wéi hien e Mann, komplett plakesch an engem Dëmpel stoe gesäit. De Mann wierkt duercherneen, erzielt him awer, dass hien um TomorrowWorld war an dunn beklaut gouf a zënterhier am Bësch ronderëm leeft an net méi raus fënnt.

Dee Moment war de Festival scho 4 Deeg eriwwer! 4 Deeg laang wier de Mann ouni Iessen a Gedrénks ronderëm gelaf. Nëmme faul Äppel hätt hie giess...