Eekeleg: Blutt aus der Nues wéinst Blutegel!

4 Woche laang huet d'Fra staark aus der Nues geblutt. Grond war e Blutegel, deen et sech do gemitterlech gemaach hat...

Leschten Update: 14.10.2014, 09:50:19

© caters

(Opgepasst: Liest dës Geschicht am beschten nom Iessen!)

D'Schottin Daniela Liverani huet en Tripp duerch Südostasië gemaach. Déi 24-Joer al Fra gouf an en Motorradsaccident verwéckelt. Geschitt ass hir net vill, mä hir Nues huet doropshin net méi opgehalen ze bludden... Wéi si dunn zréck zu Edinburgh ass, hält d'Nues op mat Bludden, sou d'Fra zu "Daily Mail".

Allerdéngs houng dunn eppes déckes schwaarzes aus der Nues eraus, dat sech beweegt huet! Beim Duschen ass d'Déier wäit eraus komm. Wéi d'Liverani et wollt eraus zéien, ass de Blutegel séier nees an der Nues verschwonnen!

Doropshin ass hat sou séier wéi méiglech an d'Urgence gefuer. No enger hallwer Stonn hat den Dokter d'Déier dunn endlech mat der Zaang ze packe kritt an et eraus gezunn...

© caters news agency