Mandy Minella: Nei Pub an Hochzäit um Freideg

D'lëtzebuerger Nummer 1 am Dammentennis mécht eng gutt Figur an enger neier Pub fir Nike an en Tennisartikel-Vendeur...

Leschten Update: 17.10.2014, 05:55:51

© Screenshot Youtube

D'Mandy Minella dat an eppes méi wéi engem Mount 29 Joer al gëtt, ass als Model an enger neier Pub ze gesinn fir den Online-Vendeur vun Tennisartikelen tennis-point.com.

Do féiert Sie déi nei Kollektioun vun hirem Sponsor fir.



Fir alleguerten d'Männer heescht et awer : Patten ewech!

D'Mandy gëtt um Freideg mat hirem Verlobten Tim Sommer bestuet.

Eldoradio wënscht der jonker Koppel elo schonn Alles Gutts.

Den Tim an d'Mandy© Facebook