Etude: Multitasking mécht domm

Déi eng kënnen et, déi aner manner... Mä anscheinend schued Multitasking onsem Gehir, sou eng Etude.

Leschten Update: 17.10.2014, 12:41:11

© afp

Mir huele vun alle Säiten Informatiounen op: Smartphone, Laptop, Zeitung ... am beschten alles gläichzäiteg. Maile checken, telefonéieren, iessen oder drénken.

Multitasking eben...

Bis elo goufe Leit déi dat immens gutt kënnen dofir bewonnert. Fuerscher vun der Uni Stanford hunn awer elo raus fonnt, dass Multitasking guer net mol sou gutt fir eist Gehir ass, an eisem Denkverméige souguer schuede soll!

Eist Gehir kann nämlech nëmmen 2 usprochsvoll Saache gläichzäiteg maachen. Multitasking existéiert also genau geholl guer net, sou d'Fuerscher. Dozuo kënnt, dass déi 2 Saachen dacks mol guer net genee zur selwechter Zäit oflafen, mä ganz kuerz hannerteneen.

D'Fuerscher hunn Tester mat "Multitasker" gemaach mam Resultat:
Si hunn däitlech méi schlecht ofgeschnidden, wéi Leit, déi sech op eng Saach konzentréiert hunn. Et ass hinne schwéier gefall bei der Saach ze bleiwen.