Opgefall: Déi geféierlecht Brëscht vu Russland!

Vill Accidenter den Ament op de russesche Stroossen. Grond dofir soll eng riesech Broscht sinn déi op de ronderëm gefouert gëtt...

Leschten Update: 17.10.2014, 16:06:08

© geekologie.com

Méi wéi 500 Accidenter a nëmme 24 Stonnen zu Moskau!

Vill Autoschauffere sinn ofgelenkt, soubal ee vun dësen 30 klenge Camione laanschtgefuer kënnt. Hannendrop e grousst Plakat mat Brëscht drop, nëmme minimal zenséiert.

Passend dofir och de Slogan vun der Campagne: "Si zéien un"!

D'Agence "Safran" wollt mat dësem provokative Plakat testen, wéi vill Opmierksamkeet mobil Reklamme bréngen. Déi war hinne sécher...

D'Police huet d'Camionen direkt aus dem Verkéier gezunn, wéi se matkritt hunn wat lass war.
Der "Daily Mail" géigeniwwer huet e Chauffeur gesot, en Auto wär, kuerz nodeems hien d'Plakat gesinn huet, vun hannen a säi gerannt...