Skulptur zu Paräis: Bam oder Sextoy?

Eng Skulptur vum Paul McCarthy op der Vendôme-Plaz suergt zu Paräis fir Opregung

Leschten Update: 18.10.2014, 08:31:51

© afp

Op sozialen Netzwierker gëtt de Moment iwwert di 24 Meter héich, opblosbar Skulptur "Tree" diskutéiert.
D'Konschtwierk gesäit net just aus wéi ee risegen Dännebam, mä och wéi ee sougenannter butt-plug, also een Analdildo.

An de leschte Joeren gouf ëmmer nees e Kënschtler invitéiert, fir e Wierk op der Place Vendôme opzestellen.

Dëst Joer ass de Choix op den amerikanesche Kënschtler  McCarthy gefall, dee bekannt ass fir seng provokant Wierker

Him wier opgefall, dass een Analdildo an een Dännebam eng ganz ähnlech Form hätten, sot de McCarthy der Zeitung "Le Monde" iwwert seng  Inspiratioun zum Konschtwierk.