Russland: Wie gëtt d'Miss Hitler 2014?

Russesch Neonazie sichen d' Miss Hitler 2014. Frae solle Selfie vu sech era schécken an dobäi schreiwe wisou di dat 3. Räich veréieren...

Leschten Update: 20.10.2014, 16:14:14

© screenshot/VKontakte

Iwwer e sozialt Netzwierk "VKontakte" sichen Neonazien d'Miss Hitler 2014, oder Miss Ostland (sou den aktuellen Titel)! National an International trëfft dës Aktioun awer nëmmen, wee wonnert et, op Onverständnes!

"Meedercher ginn dozou opgefuerdert e Selfie vu sech eran ze schécken, zesumme mat engem Text, an dem si erkläre wisou si dat 3. Räich veréieren", sou Vocativ.

Dat Meedche mat de meeschte Likes ass um Enn d'Gewënnerin (souwäit een dat esou nenne kann). D'Netzwierk, de russesche Pendant zu eisem Facebook, huet d'Säit schonns gespaart!

14 Osteuropäesch Meedercher haten eng Foto vu sech eropgelueden. Dorënner och d' Katya Shkredova (Bild). Hat hat ënnert seng Foto geschriwwen: "Den Adolf Hitler huet eis en éiwegt Liewe geschenkt" ...
© screenshot/VKontakte