
© screenshot/dogtv
De kalifornesche Provider DOGTV mécht Fernseh fir Hënn, 24 Stonnen, 7 Deeg op 7! D'Tëléschaîne behaapt, dass de Programm wëssenschaftlech entwéckelt gouf. Jorelaang Recherchë vun de beschten Experten hätten zu engem speziell op d'Déier ofgestëmmte Contenu gefouert deen op dem natierleche Verhale vum Hond baséiert.
Mat DOGTV fillt sech äre Mupp net méi alleng an ass méi zefridden, sou DOGTV.
An e puer Méint soll et de Sender schonn a Frankräich ginn. Ob a wéini de Sender zu Lëtzebuerg kënnt, ass net gewosst.