Hipster: Hoer ënnert den Äerm fierwen ass total IN!

Opgepasst! Well wien elo richteg opfalen a senger Zäit viraus si wëll...

Leschten Update: 21.10.2014, 13:49:52

© instagram

Fir deen ass dësen "Trend" vläit genee dat richtegt! Nom Hairy-Legs-Trend dann elo deen nächsten, bei deem Fraen sech d'Hoer wuesse loosse kënnen.

Mä muss dat wierklech sinn? D'Hoer tëscht de Been, ënnert den Äerm oder un de Been wuesse loossen?

Elo geet et awer nach méi wäit! Wie richteg "hip" si wëll, fierft sech déi Hoer faarweg! Blo, gréng, giel, ... egal! Vill Internetsäiten hunn d'Thema opgegraff an et esou an Europa verbreed.

Opfälleg ass et jo... Mä duerchsetze wärt sech dësen "Trend" hoffentlech net...
© twitter

© instagram