Wetten dass...?: Fra bleift am Glascontainer stiechen

Britesch Studenten hat dorop gewett, ob dem 19-järege Meedche säi Kapp an de Glascontainer era passe géif. Eng Wett mat Konsequenzen...

Leschten Update: 22.10.2014, 09:54:29

© screenshot/youtube.com

Schonn e bëssen Alkohol, e Burger an eng Wett sinn duer gaangen, fir dass d'Moude-Studentin säi Kapp an de Container gestach huet.

"D'Kollege wollte wëssen ob säi Kapp era passt", sou den engleschen Telegraph. "10 Pond an e Burger hunn d'Kollegen dorop gewett, dass et net klappt."

De Kapp huet effektiv era gepasst, just eraus ass en dunn net méi gaangen. Um Enn hunn d'Pompjeeën d'Meedche missen aus senger mësslecher Lag befreien, andeems si hat fräi geschnidden hunn. Déi ganz Aktioun wier him immens penibel gewiescht.