Opgepasst Obama: Don't touch my girlfriend!

E jonken Här warnt den US-President Obama, hie soll seng Fanger vu senger Frëndin loossen! Wéi et dozou koum...

Leschten Update: 22.10.2014, 10:22:21

© screenshot/youtube.com

Jalousie ass näischt Aussergewéinleches bei de meeschte Männer. Dass dëse jonken Här awer zum President seet, hie soll seng Fanger vu senger Frëndin loossen, dat kënnt net all Dag vir!

An der Walkabinn zu Chicago ass genee dat geschitt. D'Aia Cooper, eng jonk Fra steet nieft dem Obama an der Kabinn. Säi Frënd geet laanscht a seet dem Obama ganz einfach: "Mr. President, don't touch my girlfriend." (Looss d'Fanger vu menger Frëndin)

De President reagéiert dorop ganz cool...