Miss Amazonas: Zicken-Terror bei der Wiel!

Kee verléiert gär.. Scho guer net bei enger Miss-Wiel! Mä muss een dofir direkt d'Kroun vum Kapp rappen?

Leschten Update: 03.02.2015, 11:28:42

© screenshot/youtube.com

A Brasilien gouf wéi all Joers déi nei Miss Amazonas gewielt. Mam Resultat war awer leider net jiddereen averstan!

D'Sheislane Hayalla gouf ëmmerhin 2. bei der Wiel vun der Miss Amazonas 2015! Trotzdem huet hat sech benodeelegt gefillt a rappt der Gewënnerin kuerzerhand d'Kroun vum Kapp.