Sténkeg: Dëse Bus fiert mat Sch**** !

Diesel, Hybrid, Elektro, Hydrogen,... Et ginn ëmmer méi Alternative fir d'Ëmwelt ze schounen. An England geet ee schonn e Schratt weider!

Leschten Update: 04.02.2015, 12:12:41

© Wessex Water / REX via AP

Am Süd-Weste vun England ginn et Busser déi mat Iess-Offäll fueren a mënschlechen Ausscheedungen! Dëse Bio-Bus vun der Firma Scania bitt 40 Plazen a fiert mat Biomethan-Gas, deen eben aus dem virdru Genannte gewonne gëtt.

Lescht Joer am Januar ass de Bio-Bus fir eng éischte Kéier gefuer an huet Passagéier vum Fluchhafen zu Bristol an d'Stad gefouert.

"Dee meescht Leit fannen et eng genial Iddi, dass een aus Offäll, och mënschlecher Natur, kann eppes Positives maachen, sou de James Freeman, Direkter vu First West of England.