
© afp
Den Hollywood-Star huet sech en Dënschdeg schonns mat der US-Schauspillerin Amber Heard bestued.
D'Koppel ass schonn zanter iwwer 2 Joer verlobt, a soll dem 'People-Maganzine' no dëse Weekend eng gréisser Hochzäits-Party op der privater Insel vum Depp op de Bahamas organiséieren.
Et ass déi zweeten Hochzäit vum Johnny Depp no däer mam Lori Ann Wilson ( 1983 bis 1995 ) . Hien war dono laang mat der franséischer Sängerin a Schauspillerin Vanessa Paradis zesummen, mat deem hien och zwee Kanner huet.