Holland: Kee Schnéi um Daach - Plantage am Haus?

D'Police an Holland huet iwwer Twitter en Opruff gestart, Haiser ze mellen, bei deene kee Schnéi um Daach läit. De Grond?

Leschten Update: 06.02.2015, 08:14:07

© Nicolas Garcia / AFP

De Schnéi kéint dem Noper an Zukunft e Stréch duerch d'Rechnung maachen. D'Police Haarlem sicht iwwer Twitter no illegale Cannabis-Plantagen. "Kee Schnéi um Daach vum Noper?"



Déi kleng Planzen hunn et gäre waarm. Wa Schnéi fält an de Daach bleift fräi, dann ass dem Noper entweder immens kal, oder et huet en anere Grond. Deem geet d'Police op de Fong!

An d'Methode wierkt! Virun e puer Deeg eréischt goufe Leit festgeholl, déi 364 dëse Planze geziicht haten.

Mä net jidderee begréisst d'Methoden. Op Twitter gëtt et nieft vill Kritik awer och e puer Tricken, wéi et dann trotzdem klappt mat der Plantage: Den Daach muss gutt isoléiert sinn, d'Planzen am Keller ziichten a sech kënschtleche Schnéi kafen!