
Déi Etude ass vum Datingportal Match.com ausgaangen. Befrot goufe 5675 Amerikaner tëscht 20 a 50 Joer. Eraus koum, dass iwwer 50 Prozent vun den "Emoji-Schécker" am leschte Joer Sex haten. Bei deene Persounen, déi keng Emojis verschécken, waren et nëmmen 31 Prozent.
Dobäi kënnt, dass "Emoji-Schécker" méi Dates hunn an sech vill léiwer wëlle bestueden.